Den 10. Mäerz 2020 vu 14h00 bis 17h00 Auer fënnt am Forum Geesseknäppchen de Kick-Off vum Mediekompass statt.

Wärend dësem Nomëtteg hutt Dir d’Geleeënheet, de Mediekompass a seng praktesch Ëmsetzung am Unterrecht detailléiert kennenzeléieren. Dozou gehéieren och d’Supporte wéi den Internetsite www.edumedia.lu, de Mediepass fir den Enseignement fondamental a Formatiounen. Weiderhin hutt Dir d’Méiglechkeet, praktesch Beispiller aus de Schoulen zu der Mediebildung ze erliewen a mat Acteuren a Kontakt ze kommen, déi elo schonn Offere ronderëm d’Mediebildung fir d’Schoulen ubidden. 

An hei de geneeën Oflaf vum Nomëtteg: 

  •       14h00 Ouverture 
  •       14h15 Begréissung: Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kandheet a Jugend 
  •       14h30 Keynote: Jöran Muuß-Merholz
  •       15h20 Presentatioun vum Mediekompass
  •       16h-17h00 Austausch, Vernetzung an Infostänn 

 

Den Event gëtt als Formation Continue unerkannt, wann Dir Iech iwwert de Link vum IFEN umellt: 
https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=261235