schreifmaschinn.lu
schreifmaschinn.lu
-
Tag
App, lëtzebuergesch
-
Zyklus
C4, ES-INF, ES-SUP
-
Schwierigkeitsgrad
Beginner
-
Fachbereich
Sprachunterricht
-
Medium
Apps
-
Medienkompetenzen
Erstellen von Inhalten
Déi nei Web-Applikatioun schreifmaschinn.lu erméiglecht eng automatesch Text-Transkriptioun. Den 9. Dezember 2022 huet den Educatiounsminister Claude Meisch en neien Internetsite fir d’Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. ‘schreifmaschinn.lu’ mécht aus geschwatener Sprooch e geschriwwenen Text.
Wat fir aner Sprooche scho méi laang méiglech ass, dat gëtt et elo – an enger éischter Versioun – och fir dʼLëtzebuerger Sprooch: eng automatesch Text-Transkriptioun. Iwwer déi nei Web-App vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Spooch (ZLS) an Zesummenaarbecht mam Le Minh Nguyen, Expert an der Voice Technology, ka jidderee seng geschwate Sätz op eng einfach Aart a Weis verschrëftleche loossen. De Prototyp weist, datt dʼSproocherkennung och op Lëtzebuergesch funktionéiert. An den nächste Méint soll dʼPerformance vum Sproochmodell derhannert weider eropgesat ginn.
Mat der Sproocherkennung, also dem Verschrëftleche vu geschwatener Sprooch (Speech to Text), gëtt eng éischt wichteg Etapp fir zukünfteg Entwécklunge geluecht. Se kann dʼBasis si fir zum Beispill eng Sproochsteierung, eng Virliesfunktioun (Text to Speech), simultan Ënnertitelen, Live-Iwwersetzungen oder e lëtzebuergeschen Chatbot. „DʼLëtzebuerger Sprooch soll vun den neien technologesche Méiglechkeete profitéieren an hëllefen, de Leit dʼLiewe méi einfach ze maachen – am Alldag, am Beruff, beim Léieren an och an der Fräizäit“, esou de Wonsch vum Minister.